Wee si mir ?

Wildnis ASBL ass dat gréissten Netzwierk vu Wildnispädagog:innen zu Lëtzebuerg.

Esou huet alles ugefaangen

2016 ass d'Wildnis ASBL gegrënnt ginn mam Zil, den Austausch vun Gläichgesënnten ze fërderen. Et goung drëms, sech regelméisseg ze treffen a sech géigesäiteg ze ressourcéieren.

Eis Asazberäicher

Zu Lëtzebuerg ginn et haut ronn 100 Wildnispädagog(inn)en, déi a verschiddenste Beräicher schaffen: am Kader vun der Schoul, am Fräizäitberäich, a feste Strukturen, als Freelancer oder souguer als Selbststännegen. Eist Haaptziel als ASBL ass et, e Netzwierk fir all dës Acteuren ze schafen – fir Austausch, fir Qualitéit a fir gemeinsam Weiderentwécklung.

Dofir sti mir

  • Verbindung mat der Natur - Natur net nëmmen als Kuliss, mee och als Léiermeeschter a Liewensraum wouer huelen
  • Achtsamkeet - Wouerhuelen amplaz bewäerten, entschleunegen a présent sinn
  • Selbstwierksamkeet - Kléng a Grouss dobäi ënnerstëtzen, Vertrauen an hier eege Fähegkeeten z'entwécklen
  • Respekt - Virun der Natur, virun anere Mënschen a viru sech selwer
  • Einfachheet - mat wéineg auskommen an de Wäert vun dem wat wichteg ass, erkennen
  • Gemeinschaft - Mateneen amplaz géinteneen, Koopératioun a géigesäiteg Ënnerstëtzung fërderen
  • Verantwortung - Nohalteg handelen an d'Auswierkungen vun eegenen Handlunge bewosst wouer huelen
  • Virwëtz an Entdeckergeescht  - Froe stellen, Spuere liesen, Zesummenhäng verstoen
  • Authentizitéit - éierlech, echt an am Aklang mat den eegene Wäerter handelen
  • Wuesstem - Erausfuerderungen als Méiglechkeet gesinn fir sech weider z'entwécklen